arrow_back_ios
Aktuelles
Autonom Gefierer iwwert de Grenzen ewech
Autonom Gefierer déi iwwert de Grenzen ewech kënne fueren, dat gëtt fir den Ament op enger Streck vun 206 Kilometer getest. Déi Streck verbënnt Saarbrécken, Merzig, Metz a Lëtzebuerg. Déi gréissten Erausfuerderung ass den Telekommunikatiounsréseau, deen op der Grenz ënnerbrach gëtt. Och d'Schëlter an d'Signalisatioune sinn an den dräi Länner ganz verschidden.