Kultur
Anke Stelling - Schäfchen im Trockenen
Wisou d'Anke Stelling fir hire Roman "Schäfchen im Trocknen" de Leipiger Buchpräis kritt huet, ass schwéier nozevollzéien, och de bewossten oder onbewosste Versuch engem Didier Eribon oder enger Annie Ernaux nozeäiferen ass hei absolut mësslongen, trotzdeem huet de Roman säi Charme, deen awer weder an der literarescher Qualitéit, déi ass hei quasi inexistent, nach um Inhalt, deen iergendwéi net vun der Plaz kënnt. Et sinn éischter kleng Erkenntnisser an de Schluss, wou een den Androck huet, d'Anke Stelling hätt den Ausgang vum Leipziger Buchpräis scho beim Schreiwe gewosst... Eng Buchkritik vum Valerija Berdi.