Aktuelles
Den Zonk géint d'Schwéngspescht
Déi afrikanesch Schwéngspescht ass keng Gefor fir de Mënsch. Si ass och keng fir Kéi a Schof, Hënn oder Kazen. De Virus ass just fir Schwäin geféierlech - awer richteg geféierlech: Béischten, déi infizéiert si, ginn no enger Woch futti. Wëllschwäin an Hausschwäin. Am September zejoert ass d'Schwéngspescht bei enger Rei doudege Wëllschwäin am belsche Grenzgebitt festgestallt ginn. Zënterhier goufe méi wéi 700 Fäll hei vir an der Bélsch gezielt. Ma nach keen hei zu Lëtzebuerg. Fir dass dat och esou bleift, sinn eng Rei Decisioune geholl ginn. Zum Beispill déi, en Zonk laanscht d'Grenz opzeriichten.