Aktuelles
Kommunikatiounssystem fir de Mozambique
No den uergen Iwwerschwemmungen am Mozambique hunn zwee Lëtzebuerger Fräiwëlleger vum CGDIS eng Kommunikatiounsplattform opgeriicht déi d'ONGen kennen op der Plaz notzen. Den HIT, den humanitären Interventiounsteam vun de Rettungsservicer CGDIS, kann iwwert den Emergency.lu eng mobil Statioun, déi iwwert Satellit funktionéiert, ganz séier an eng Katastropheregioun transportéieren an opriichten.Dee System war am Mozambique néideg, wëll déi lokal Infrastrukture komplett zerstéiert waren. Iwwert dee Wee kennen Hëllefsorganisatiounen sech koordinéieren.