Panorama
Panorama
Déi britesch Premierministesch Theresa May ass dir d'drëtte Kéier mat hirem Brexit-Deal am Parlament gescheitert. Wéi et elo weidergeet ass komplett op.
Den Escher CSV-Buergermeeschter Georges Mischo weist de Verdacht vu sech, datt säi Schäfferot Drock op de Promoteur vu "Portal Eent" ausgeüübt soll hunn, fir e geplangten Héichhaus aus dem Projet eraus ze huelen.
Fir de Beruff vum Dokter nees méi attraktiv ze maachen, huet de Regierungsrot haut gréng Luucht ginn fir eng Augmentatioun vun den Indemnitéite fir Dokteren, déi sech spezialiséieren
D'Direktioun vun der Santé huet fir ronn 50.000 Euro 20 Kilo medezinesche Cannabis kaf
Zanter ronn zwee Méint gëtt et hei am Land eng Internetplattform, déi potentiell Cliente mat Taxichaufferen verbënnt. Den Deputéierte Marc Baum vun déi Lenk bezweiwelt, datt d'Bedreiwer vun där Plattform konform mam Aarbechtsrecht sinn.
D'Salariatskummer begréisst an hirem Avis iwwert de Staatsbudget 2019 déi geplangte sozial Mesuren, allerdéngs géifen se fir déi Betraffen nach net duergoen, fir iwwert de Seuil vum Aarmutsrisiko erauszekommen
Em Hallefnuecht gëtt de Bensin nees méi deier: De 95er kascht dann 1 Euro an 22 Cent de Liter an den 98er Bensin kascht 1 Euro an 31 Cent.