Kultur
"Porte entr'ouverte" beim Freeport
De Sonnden, 31. Mäerz, invitéiert de Freeport um Findel op eng sougenannt "porte entr'ouverte". Dat bedeit, datt e groussen Deel vum Gebai, grad esou wéi verschidde Konschtwierker, fir de grand public accessibel wäerte sinn. D'Dépôte bleiwen natierlech zou. Zanter de Freeport viru 5 Joer um Findel seng Dieren opgemaach huet, suergt e fir vill Diskussiounen. Mat annuelle "portes entr'ouvertes" soll sech dat änneren, sou d'Carole Schmitz, "Commercial and Events Director" beim Freeport, zum Kerstin Thalau.