Panorama
Panorama
De radio 100,7 kritt mam Marc Gerges en neien Direkter. De geléierte Journalist ass den Ament nach Marketingdirekter vum Luxair-Grupp.
Den CSV Deputéierte Michel Wolter stellt d'Legalitéit vum Zonk, deen am Kontext vun der afrikanescher Schwéngspescht op der belscher Grenz opgeriicht gëtt, a Fro
Bis Enn des Joers soll e Konzept stoe fir eng Police-Unitéit fir den ëffentlechen Transport, huet de Minister fir den Transport an déi bannenzeg Sécherheet, François Bausch matgedeelt.
D'Chambre de Commerce fuerdert vun der Regierung d'Fixéiere vu kloeren Ziler fir d'Reduktioun vun der Aarmut hei am Land
Kréie Frontalieren an Zukunft Chômage hei am Land bezuelt? Iwwert déi Fro solle muer d'EU-Memberlänner viraussiichtlech ofstëmmen, Lëtzebuerg ass mam aktuelle Projet net averstanen.
National an international Hëllefsorganisatioune kritiséieren d'Entscheedung vun der EU, fir vum 31. Mäerz un d'Séinoutrettung am Mëttelmier ze stoppen
Sollt et een haarde Brexit ginn, da sollen déi britesch Awunner hei zu Lëtzebuerg, grad ewéi déi britesch Frontalieren hir Rechter behalen. D'Chamber huet haut gréng Luucht ginn fir een deementspriechend Gesetz.
Véiert Doudesaffer no der Schéisserei am Tram zu Utrecht.