Aktuelles
Venezuela: Alldag an der Krise
Nach emmmer ass déi politesch an ekonomesch Krise am Venezuela net geléist. Am November 2018 huet d'UN-Flüchtlingskomissariat vun 3 Millioune Léit geschwat, déi d'Land verlooss hätten. Déi Menschen déi nach am Land liewen, leiden ënnert der extremer Inflatioun, Manktem un Iesswueren an schlechtem Zougang zu Medizinescher Versuergung. Oft sinn si ugewisen op Hëllef vu Familjememberen déi am Ausland wunnen. Och zu Lëtzebuerg liewe Venezuelaner, deenen hier Famill a Frënn nach am südamerikanesche Staat liewen. Mir hu mat hinnen iwwert den Alldag an der Krise an de Schwieregkeeten d'Land ze verloossen geschwat.