arrow_back_ios
Kultur
"Mais sois sans Tweet" oder "Mai'68"
Moar den Owend um 8 Auer huet déi neiste Produktioun vum Théâtre Ouvert Luxembourg Première, an zwar vun a mam Claude Frisoni geet et ëm den Thema "Mais sois sans Tweet". Dat ganzt an enger Mise en scène vum Fabienne Zimmer. D'Tessy Steffen König huet sech mam Jean Claude Majerus ënnerhalen, a wollt als éischt wëssen ëm wat an deem neie Spektakel geet.