Kultur
Ahoj Česko!
De Wieser Verlag ass schon zanter Joren op d'Iwwersetzungen a Publikatiounen vun der osteuropäescher, zäitgenëssescher Literatur spezialiséiert. Aus dem Gronn feelt dëst éisterräichescht Editiounshaus ni op der Leipziger Buchmesse. Tschechien war dëst Joer d'Gaaschtland vun der grousser Bicherfoire, déi ëmmer Osteuropa am Fokus huet. Ronn 70 Bicher goufen an deem Kontext aus dem tschecheschen op Däitsch iwwersat an dovun 10 am Wieser-Verlag. D'Valerija Berdi huet mat der Gérante vum Wieser- an Drava-Verlag, der Erika Hornbogner geschwat.