arrow_back_ios
Kultur
Den Oscar fir e Film deen d'Welt markéiert huet
Virun 25 Joer huet den amerikaneschen Cineast Steven Spielberg säi éischten Oscar gewonnen huet. Am Mäerz 1994 goung am Dorothy Chandler Pavillon zu Los Angeles déi 66. Oscar-Zeremonie iwwert d'Bühn. An de grousse Gewënner war deemools dem Steven Spielberg säi Drama "Schindlers List", e Film deen am ganzen 12 Mol nominéiert war an um Enn 7 Oscarën konnt gewannen.