arrow_back_ios
Aktuelles
Méi Schutz fir d'Kand
De Jugendschutz muss vum Jugendstrofrecht getrennt ginn, dat sot d'Renate Winter, Presidentin vum UNO-Comité fir d'Rechter vum Kand an der Justizkommissioun vun der Chamber. Am Mëttelpunkt vun där Sitzung stoung den aktuellen Gesetzprojet iwwert de Jugendschutz, dee ganz ëmstridden ass. Den Staatsrot hat net manner ewéi 20 formell Oppositiounen zum Text formuléiert. D'Renate Winter plädéiert fir eng Ofännerung vum Gesetzprojet iwwert de Jugendschutz.