Kultur
E literaresche Phänomen an eben och e Phantom
"Das Parfum" ass ouni Zweiwel deen däitsche Roman mam gréisste Succès an der Norkrichzäit, e Roman deen a 49 Sproochen iwwersat gouf, a vun deem weltwäit iwwer 20 Milliounen Exemplaire verkaf gouf. Den Auteur vun dësem Bestseller ass den däitsche Schrëftsteller an Zeenarist Patrick Süsskind, an dat ass scho bal alles wat ee vun him weess. 2006 gouf dem Patrick Süssking säi Roman "Das Parfum" dunn och vum Tom Tykwer verfilmt. Zanter Jorzéngten lieft de Süsskind ganz zeréckgezunn, an dat wäert sech och haut net änneren, um Dag vu sengem 70 Anniversaire.