arrow_back_ios
Kultur
Faarweg Dramanalysen am Kulturhaus Nidderanven
"Fantasiewelten, déi an der Onendlechkeet op de Rhythmus vu Forme spadséiere ginn", sou beschreift déi koreanesch Zeechnerin Keong-A Song hir Dreem. Wat sech bei hir nuets op der Kräizung tëschent Imaginatioun a Realitéit am Kapp esou ofspillt, huet si ee Joer laang notéiert an elo a Form vun Zeechnungen op Pabeier bruecht. D'Kerstin Thalau huet d'Keong-A Song an hirer Expo "Epic dreams" am Kulturhaus Nidderaanwen besicht.