arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Reinhold Breu
Den Owend um véierel vir néng spillt d'Lëtzebuerger Fussball-Nationalequipe - géint Litauen - hiren éischte Match an der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2020. Fir den Optakt vun där EM-Campagne huet de Maurice Molitor e Mann an de Studio invitéiert, deen an de Kuliss vun der Fussball-Federatioun eng wichteg Roll spillt, deen awer nëmme seelen no baussen optrëtt: den techneschen Direkter vun der FLF Reinhold Breu.