Kultur
Live-Concert vu Saarbrécken um radio 100,7
E Schüler a säi Léiermeeschter stinn e Sonndeg de Moien (24.3.) zu Saarbrécken an der Congresshalle zesummen op der Bühn. Déi Kéier awer an anere Rollen. Den Dirigent vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, de Pietari Inkinen huet beim Pinchas Zuckerman Gei studéiert. An elo dirigéiert hien e Sonndeg säi fréiere Professer, an zwar mam Edward Elgar sengem Concerto fir Gei an Orchester a si Mineur. De radio 100,7 an den SR 2 KulturRadio iwwerdroen dëse Concert e Sonndeg de Moien tëschent 11 an 2 Auer en direct. Méi Detailer mam Guy Engels a Manuel Ribeiro.