arrow_back_ios
Kultur
D'Foto vu Leopoldville vun 1960 huet hie berühmt gemaach
Hien huet a senger Carrière lauter Dichteger virun der Lëns gehat: den Hitchcock, den Elvis Presley, oder och nach de Konrad Adenauer. Mee am léifsten huet hien d'Romy Schneider geknipst. Den däitsche Fotograf Ribert Lebeck, deen haut 90 Joer géif kréien, ass de 14. Juni 2014 am Alter vu bal 85 Joer gestuerwen. Seng bekanntste Foto huet hie bei den Onofhängegkeet vum Kongo gemaach. Méi iwwer de Robert Lebeck mam Jean Claude Majerus.