De Beto O'Rourke ass e Mann an en Numm, un dee mir eis musse gewinnen. Hien ass zanter leschter Woch ee vu 16 Demokraten, déi wëllen 2020 dem Donald Trump seng Plaz am Wäissen Haus huelen. Den Texaner ass direkt zu engem neie Favorit vun den Demokrate ginn. An der Sich no engem neien Obama, deen d'USA nees kéint an déi lenk Spuer leeden, ass den O'Rourke déi nei jonk Hoffnung. Wien ass de Beto O'Rourke? Eise Washington-Korrespondent Philip Crowther huet d'Äntwerten.
arrow_back_ios
Aktuelles
Ass de Beto O'Rourke deen neien Obama?
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
