Wann et zu engem haarde Brexit kënnt, da soll Chaos op der Finanzplaz Lëtzebuerg evitéiert ginn. Am Fall vun engem net geuerdneten EU-Austrëtt vu Groussbritannie sollen d'Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF an de Commissariat aux Assurances CAA déi néideg temporär Moossname kënnen huelen. Ziler sinn d'Garantie vu Stabilitéit an dem gudde Fonctionnement am Finanzsecteur.
De Serge Kesseler mat Hannergrënn.