Blue Note
Kenny Werner a Marc Demuth
"Effortless Mastery" ass zu engem Manifest an den Jazz-Kreesser a fir Museker am allgemenge ginn. Dëst Buch aus der Fieder vum Kenny Werner thematiséiert e Sujet, mat deem all Performer sech ausernee muss setzen: D'Approche zur Bühn, den Trac, d'gedankenlech Konzeptioun vis-à-vis vun der Musek am allgemengen. Hien ass virun allem awer och ee groussaartege Pianist, deen net nëmmen zu Berklee enseignéiert, mee och op eng faarweg an undauernd Carrière kann zeréckblécken. An hie kënnt de Grand-Duché besichen! De Marc Demuth gëtt en Iwwerbléck vum Werner sengem Programm zu Iechternach a mécht ausserdeem en Update iwwer seng eege Projeten. Presentéiert vum Pit Dahm a vum Pol Belardi.