Blue Note
Kenny Werner a Marc Demuth
"Effortless Mastery" ass zu engem Manifest an den Jazz-Kreesser a fir Museker am allgemenge ginn. Dëst Buch aus der Fieder vum Kenny Werner thematiséiert e Sujet, mat deem all Performer sech ausernee muss setzen: D'Approche zur Bühn, den Trac, d'gedankenlech Konzeptioun vis-à-vis vun der Musek am allgemengen. Hien ass virun allem awer och ee groussaartege Pianist, deen net nëmmen zu Berklee enseignéiert, mee och op eng faarweg an undauernd Carrière kann zeréckblécken. An hie kënnt de Grand-Duché besichen! De Marc Demuth gëtt en Iwwerbléck vum Werner sengem Programm zu Iechternach a mécht ausserdeem en Update iwwer seng eege Projeten. Presentéiert vum Pit Dahm a vum Pol Belardi.
Episoden
Jérôme Klein: KLEIN
Dem Pianist a Perkussionist Jérôme Klein säi rezentste Projet. Den Duo Dyas am Neimënster. Deen drëtte Studioalbum vum Gittarist Ant Law "Life I know".
Neien Opus vum David Laborier: NEXT
Dem Jazzgittarist säin neien Album; Dock in absolute spillt am Conservatoire; an deen neien Disk vum Trompettist Ambrose Akinmusire.
Neien Opus vum David Laborier: NEXT
Dem Jazzgittarist säin neien Album; Dock in absolute spillt am Conservatoire; an deen neien Disk vum Trompettist Ambrose Akinmusire.
Luxembourg Jazz Meeting 2018
Vill Showcasë sinn an der véierter Editioun vum Jazz Event am Neimënster de Weekend vum 9. bis den 11. November 2018 ze héieren.
Luxembourg Jazz Meeting 2018
Vill Showcasë sinn an der véierter Editioun vum Jazz Event am Neimënster de Weekend vum 9. bis den 11. November 2018 ze héieren.
Julian Siegel in concert
De Quartett vum britesche Saxophonist mat flottem Post-Bop
Julian Siegel in concert
De Quartett vum britesche Saxophonist mat flottem Post-Bop
![Jazzchor Freiburg / CD-Tipp Connie Han](/legacy/images/36836/image-thumb__36836__base_thumbnail/Connie%20Han%20-%20Album%20Crime%20Zone.b501e418.jpg)
Jazzchor Freiburg / CD-Tipp Connie Han
Den exzellenten Jazzchor Freiburg am Interview an den éischten Album vum Shooting Star aus Los Angeles um Piano Connie Han. E Bléck op d'Aktualitéit am Jazz am Ländchen.
![Jazzchor Freiburg / CD-Tipp Connie Han](/legacy/images/36836/image-thumb__36836__base_thumbnail/Connie%20Han%20-%20Album%20Crime%20Zone.b501e418.jpg)