Panorama
Panorama
déi Lénk hu mam Carole Thoma an David Wagner eng duebel Spëtzt fir d'Europawahlen. D'Partei hat de Moien hiren Nationalkongress.
D'ADR wëllt hire Wahlprogramm de 25. Abrëll, also genee ee Mount virun den Europawahle presentéieren.
Dem President vun der Landwirtschaftskammer Guy Feyder no bräicht Lëtzebuerg méi e grousse Bio-Marché fir d'Ëmstellung vu konventionelle Bauerebetriber op de Biobetrib ze rechtfäerdegen.
An um Luxfilmfest krut gëschter Owend den englesche Sozialdrama "Ray & Liz" vum Richard Billingham de Präis vum beschte Film.
De Bilan vun den Doudesaffer nom duebelen Attentat zu Christchurch virun zwee Deeg ass op 50 geklommen.
Nom éischten Tour vun de Presidentiellen an der Slowakei stinn déi liberal Affekotin Zuzana Caputova an de sozialdemokratesche Kandidat, Maros Sefcovic, am Ballotage.
Bei Iwwerschwemmungen an Äerdrutschen an Indonesien koumen op d'mannst 58 Mënschen em d'Liewen.
Um Optakt vun der Formel-1 Saison war et de Mueren eng Victoire vum Valteri Bottas beim Grousse Präis vun Australien zu Melbourne.