Panorama
Panorama
D'CSV fuerdert eng kloer an transparent aussepolitesch Strategie fir Lëtzebuerg. Dëst nom Schwäizer Modell, sot hiren Deputéierte Claude Wiseler de Mëtteg an der Chamber.
All d'Chamberfraktioune begréissen, datt de Stage am Enseignement soll grondleeënd reforméiert a reduzéiert ginn.
Wéinst verschiddene Geschäftspraktike beim Telekomsoperateur JOIN huet de Parquet viru véier Méint eng Pre-Enquête opgemaach.
Dat britescht Parlament stëmmt den Owend driwwer of, op den EU-Austrëtt vu Groussbritannie verréckelt gëtt. Fir de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel wier et méi einfach de Brexit nees ze annuléieren.
D'Zuel vun den Asyldemanden an der EU ass 2018 am Verglach mam Joer virdrun ëm eelef Prozent gefall a louch um Niveau vun 2014, virun der Flüchtlingskris.
Enn September soll d'Nationalbibliothéik am neie Gebai um Kierchbierg hir Dieren opmaachen. Vun Abrëll u ginn dofir ronn 1,8 Milliounen Dokumenter aus der Stad op de Kierchbierg geplënnert.
Kleng a mëttelgrouss Entreprisë misste méi ee grousst Bewosstsinn entwéckele fir d'Fuerschung an d'Innovatioun, dat sot de Mëttelstandsminister Lex Delles am fréien Owend am Kader vun der Ouverture vun der Springbreak-Foire an der Luxexpo.
Bei der fënnefter Etapp vu Paris Nice war et eng Victoire vum Simon Yates aus Groussbritannien. De Pol Michal Kwiatkowski behält de Giele Maillot.