Kultur
Plakeg an der Villa Vauban
D'Aktmolerei ass esou al wéi d'Konscht selwer. Mee virun 1900 sinn Nus'en dacks duerch d'Kopéiere vun anticke Statuen entstanen, hu se sech limitéiert op reliéis, mythologesch oder historesch Motiver. Dunn huet eng Generatioun vu jonke Kënschtler mat dësen Traditioune gebrach: si hu Modeller an hirem Ëmfeld gesicht, hunn op d'Ästhetiséiere vun de Kierper verzicht. D'Villa Vauban presentéiert mat der beandrockender Expo "plakeg!" Vertrieder vun der Aktmolerei ëm 1900, vu Lovis Corinth bis Auguste Rodin. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Curatrice vun der Villa Vauban, der Maité Schenten.