Panorama
Panorama
Den OGBL schwätzt vun engem "super positive Resultat" bei den Delegatiounswahle vu gëschter. Den LCGB seet, et wier ee substantiell gestäerkt ginn. Nach leien net all d'Resultater vir.
D'CSV fuerdert, datt den Dossier Join un de Parquet weider gereecht gëtt. De President vun där Kommissioun, de Franz Fayot fënnt awer, datt nach eng Rei Froen ze kläre sinn.
Den Educatiounsminister Claude Meisch géif proposéieren, de Stage am Fondamental op ee Joer ze reduzéieren an de schrëftleche Mémoire ganz ofzeschafen, seet den SNE-President, Patrick Remakel.
De Mann, dee sech gëschter zu Zéisseng mat Waffen an enger Wunneng verschanzt hat, wier ee Polizist. Dat mellt d'Lëtzebuerger Wort op hirem Internetsite.
D'Parlament zu London stëmmt den Owend doriwwer of, ob et zu engem Brexit ouni Austrëttsofkommes soll kommen. De Brexit war och ee Sujet an der aussepolitescher Deklaratioun vum Jean Asselborn.
A Brasilien sinn op d'mannst zéng Persoune bei engem Amoklaf an enger Schoul erschoss ginn.