arrow_back_ios
Kultur
"The man and the sea": de Marco Godinho zu Venedeg
Tëschent Mee an November 2019 ass déi 58. Editioun vun der Konschtbiennale vu Venedeg. An et ass déi éischte Kéier, datt e Kënschtler vu Lëtzebuerg säi Wierk net isoléiert an engem Lëtzebuerger Pavillon um Kanal presentéiere wäert, mee matten am Haaptausstellungsareal L'Arsenale. Am Juni hat e Jury de Marco Godinho als Representant fir de Grand-Duché selektionéiert. Elo huet de portugisesch-lëtzebuergesche Konzeptkënschtler am Casino Lëtzebuerg säi Projet presentéiert. Explikatioune vum Kerstin Thalau.