Panorama
Panorama
D'Europäesch Agence fir Fundamental Rechter warnt, den Antisemitismus an Europa géif zouhuelen. D'ONG Comité pour une paix juste au proche Orient warnt hirersäits virun enger neier Definitioun vun Antisemitismus.
D'CSV, d'ADR an d'Piratepartei sinn net esou optimistesch wéi d'Majoritéitsparteien, wat déi budgetär Situatioun vum Staat ugeet. Am Fall vun engem haarde Brexit a vun engem Handelskrich mat den USA, kéint et ënner anerem op de Finanzmäert zu Verloschter kommen.
De Museker Tun Tonnar muss sech wéinst Injure viru Geriicht veräntwerten. De Fred Keup vum Wee2050 an de Joé Thein vun Déi Konservativ haten eng Plainte gemaach, well si am Lidd ugegraff ginn.
No enger ganzer Partie Spekulatioune soll den zweete meaningful vote iwwer d'EU-Austrëttsofkommes muer effektiv wéi geplangt am Parlament iwwer d'Bühn goen.
Den Hollänner Dylan Groenewegen wënnt zweet Etapp vun der Course Paris-Nice.