Aktuelles
Zwee Lëtzebuerger an Afghanistan
Lëtzebuerg schéckt nach bis op d'mannst de Juli 2020 Zaldoten an Afghanistan. De Moment sinn een Ënneroffizéier an een Zaldot zu Masar-e Scharif am Norde vun Afghanistan stationéiert: 5.000 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech.
De Gilles an de Raphael - hir Nonimm sollen aus Sécherheetsgrënn net genannt ginn - si fir gutt véier Méint am Camp Marmal. Si sinn Deel vun der NATO-Missioun fir d'Formatioun an d'Ënnerstëtzung vun den afghanesche Sécherheetsforcen.
Wéi fillt ee sech fir grad zu dësem Moment als Zaldot an Afghanistan ze sinn? Doriwwer huet de Serge Kesseler mat den zwee Lëtzebuerger geschwat.