Panorama
Panorama
D'Verwaltungsgeriicht gëtt dem Staat a leschter Instanz Recht, datt ArcelorMittal muss Emissiounsrechter un d'Regierung zeréckginn
An engem neien Evaluatiouns-Rapport gesäit den internationale Wärungsfong eng Partie Risiken, déi an den nächste Jore kéinten op déi Lëtzebuerger Wirtschaft duerkommen, dat um Niveau vun der Fiskalitéit an och wéinst dem Brexit
Déi consultativ Mënscherechtskommissioun fuerdert, datt de Gesetzespojet zum Jugend-Schutz nei geschriwwe gëtt.
Och zu Lëtzebuerg ginn et sechs Persounen, déi vu Pensioune profitéieren, déi op d'Zäit vum Nazi-Regime zeréckginn, confirméiert den Ausseminister.
D'Europaparlament an d'EU-Memberlänner streide sech iwwer d'Besetzung vum neie Poste vum europäesche Procureur.
Europol huet bei enger grousser Aktioun méi wéi 13 Milliounen illegal Medikamenter am Wäert vu ronn 165 Milliounen Euro séchergestallt.