arrow_back_ios
Aktuelles
Erausfuerderung Botzsecteur - En Temoignage
"Mir perséinlech geet et gutt, mee et gi genuch Persounen am Secteur, déi mat schwierege Verhältnisser ze kämpfen hunn." Dat sot eis eng Botzfra, déi zanter zéng Joer am Botzsecteur ugestallt ass an engem vertrauleche Gespréich. Als eleng erzéiend Mamm vun dräi Kanner wier et net ëmmer einfach, Aarbecht a Privatliewen ënner een Hutt ze bréngen. Vun der Prekaritéit am Secteur wär si zwar net direkt betraff, mee dofir vill vun hiren Kolleeginnen a Kolleegen.
(*Den Numm vum Gespréichspartner gouf geännert)