Panorama
Panorama
D'Hausse vum Mindestloun ëm 100 Euro netto soll am Juli komplett a Kraaft trieden an dann och réckwierkend op den 1. Januar ausbezuelt ginn.
De Gast Gibéryen ass Spëtzekandidat fir d'ADR bei den Europawahlen de 26. Mee. Hire Slodan ass: Fir en Europa vun den Natiounen.
Ee Joer no de Chamberleaks huet d'Chamber fir d'informatesch Sécherheet eng Partnerschaft mam staatleche CTIE décidéiert - confirméiert de Chamberpresident Fernand Etgen.
D'Regierung wëllt d'Steier op Investmentfongen - déi sougenannten Taxe d'Abonnement - upassen, a fir verschidde Fongen erofsetzen. Déi Informatioun confirméiert de Finanzminister.
Wéint engem méiglecherweis illegale Steierdeal tëscht Lëtzebuerg an dem finnesche Betrib Huthamaki huet d'EU-Kommissioun elo eng Enquête géint de Grand-Duché opgemaach.
Déi Europäesch Zentralbank wëllt de Leetzëns nach bis d'Enn vum Joer op sengem Rekorddéif vun 0 Prozent loossen.
Den Äerzbëschof vu Lyon gouf wéint der Vertuschung vum Mëssbrauch u Kanner a senger Diözes zu 6 Méint Prisong op Sursis veruerteelt. De Kardinol Philippe Barbarin huet doropshin seng Demissioun ugekënnegt.
Vun e Méindeg bis den 30. Mäerz nach mat, flitt d'Luxair net op Saarbrécken. Während där Zäit gëtt um Flughafen zu Saarbrécken nämlech den éischten Noutbremssystem fir Fligeren an Däitschland installéiert.