arrow_back_ios
Kultur
Portrait vum Charles Bukowski
Den amerikanesche Schrëftsteller ass viru genee engem véierels Joerhonnert, am Alter vun 73 Joer, gestuerwen. Gebuer gouf hien de 16. August 1920 zu Andernach bei Koblenz, als Kand vun engem däitsch-amerikanesche Papp an enger däitscher Mamm. Dichter, Alkoholiker, Provokateur: Den "dirty old man", wéi de Bukowski sech selwer genannt hat, war eng Ikon vun der amerikanescher Géigekultur, déi ganz vill Schrëftsteller sollt beaflossen. De Michel Delage zeechent säi Portrait.