arrow_back_ios
Aktuelles
Konsequenze vun den Accisen op Konsument an Ëmwelt
Esou huet et d'Regierung am Budget festgehalen. De Liter Benzin soll een Cent méi kaschten, beim Liter Diesel sinn et zwee Cent. De Romain Hoffmann, President vum Groupement petrolier zu Lëtzebuerg fäert, datt d' Erhéijung vun den Accisen en negativen Impakt op d'Kafkraaft huet. Fir d'Laure Simon, Verwaltungsrotmember vum Mouvement écologique, sinn d'Accisen dogéint net héich genuch fir klimapolitesch eppes ze bewierken. Detailer vum maurice Antony.