Kultur
"Le Détroit" vum Stan Douglas am Mudam
Zanter Hierscht 2018 gëtt d'Kollektioun vum Mudam en Valeur gesat, fir datt der Ëffentlechkeet bewosst gëtt, woufir de Musée steet. Den Ament kënnt dir um -1 déi impressionant Videoinstallatioun "Le Détroit" vum kanadesche Kënschtler Stan Douglas entdecken. Thema ass de Verfall vun Detroit, illustréiert duerch eng duebel Projektioun: de positive Film op der viischter Säit vum Ecran, den negativen am Decalage hannendrop. D'Kerstin Thalau huet mam Lissaboner Filmspezialist Joâo Chaves iwwer de komplexe Montage vum Wierk geschwat.