arrow_back_ios
Kultur
"Histoire de la Réforme, histoire réformée." Eric Vuillard am Gespréich
Mat sengem neie Buch "La Guerre des Pauvres" liwwert de franséische Schrëftsteller Eric Vuillard eng historesch Erzielung iwwer Däitschland am 16. Joerhonnert. Et geet ëm den Thomas Müntzer, seng Roll an der protestantescher Reform a säin Engagement am Bauernkrieg. En Opstand, dee mam aktuelle Kontext vun de Gilets jaunes resonnéiert. Wéi een als Schrëftsteller un d'Historiographie erugeet a wéi wichteg d'Literatur fir d'Geschicht an Zäite vu sozialen Onrouen ass, huet de Ben Dratwicki den Eric Vuillard gefrot.