Kultur
"Bed In For Peace"-Aktioun zu Amsterdam
Et kann ee gespaant sinn, op dëse Mount zu Amsterdam an a ronderëm den Hilton-Hotel un d'Aktioun aus dem Joer 1969 erënnert gëtt. Rieds geet vun hirem sougenannte "Bed in for Peace". Dëse Mount sinn et nämlech 50 Joer hier, datt den Ex-Beatle John Lennon a seng Fra, déi japanesch Avantgarde-Artistin Yoko Ono hir "Bed-In-For-Peace"-Aktioun gemaach hunn. Siwen Deeg louchen den John Lenon an d'Yoko Ono an der Suite 902 vum Hilton-Hotel zu Amsterdam am Pyjama am Bett an hunn domat géint de Krich, besonnesch de Vietnam-Krich a fir de Fridden demonstréiert. D'Biller vun deenen Zwee am grousse Bett sinn deemools ronderëm d'Welt gaangen an hu sech an d'Mémoire collective agebrannt. Detailer vum Jean Claude Majerus.