arrow_back_ios
Kultur
let's wander slowly through the fields ...
De Cercle Cité huet elo fir déi 14. Kéier e Kënschtler invitéiert, fir e Wierk an der CeCiL's Box auszestellen. Wann een duerch d'Paschtoueschgaass trëppelt, kann een elo enger ganz origineller Installatioun an direkt och sech selwer an der Vitrinn vum Cerle Cité begéinen. "FIELDs" heescht d'Konschtwierk vum Designer Steve Gerges. D'Valerija Berdi huet mam Artist geschwat. De Steve Gerges hëlt och dëse Weekend Deel um Multiplica-Festival an de Garer Rotonden.