arrow_back_ios
Aktuelles
Nei Klimaziler: Den Ufank vun engem laange Prozess
Viru gutt dräi Joer gouf zu Paräis en internationaalt Klimazil festgeluecht: Déi global Äerderwiermung soll par Rapport zum pre-industriellen Zäitalter op däitlech ënner zwee Grad limitéiert ginn. Bal all d'Länner op der Welt hu sech engagéiert, op dëst Zil hinzeschaffen. Och Lëtzebuerg muss säi Bäitrag leeschten, an dofir huet d'Regierung gëschter nei national Klimaziler annoncéiert. Dës Ziler stinn um Ufank vun engem laange Prozess. De Rick Mertens mat Detailer.