arrow_back_ios
Aktuelles
"Eng zweet Vitrinn"
D'Internetplattform Lëtzshop.lu ass zanter September d'lescht Joer online. Wierklech bekannt ass de Site bis elo nach net. Dobäi sinn d'Ziler éischter ambitiéis: et geet drëm, de lokale Lëtzebuerger Commerce op den Internet ze kréien - dat heescht also, souwuel kleng Händler wéi och potentiell Clienten dovun ze iwwerzeegen, sech heiheem um Online-Shopping ze bedeelegen. Een éischten Tëschebilan fält positiv aus. D'Christiane Kleer mat Detailer.