arrow_back_ios
Aktuelles
Pierre Moscovici: "Lëtzebuerg ass kee klengt Land"
Fir iwwer d'Theme Besteierung an europäesch Wärungsunioun ze diskutéieren, war de Pierre Moscovici gëschter (26.2.) hei zu Lëtzebuerg. De franséischen EU-Wirtschafts- a Wärungskommissär hat een Austausch mam Finanzminister Pierre Gramegna a mat den Deputéierten aus der Chamber-Finanz- a Budgets-Kommissioun.
Hir Pläng fir den Onstëmmegkeet-Prinzip am Beräich vun der Steierpolitik no an no ofzeschafen hat d'EU-Kommissioun Mëtt Januar presentéiert. Lëtzebuerg an aner Staate wéi Irland an Holland si strikt dogéint. De Serge Kesseler informéiert.