Panorama
Panorama
Gëtt de Brexit awer méiglecherweis no hanne verréckelt? Déi britesch Premierministesch wëllt d'Parlament doriwwer ofstëmme loossen, wann d'Deputéiert hiren Accord nächste Mount erëm verwerfe géifen.
Lëtzebuerg géif dëst Joer op d'mannst 1,75 Milliounen Euro fir de Yemen virgesinn. Dat huet den Ausseminister Jean Asselborn bei der UNO-Donateurs-Konferenz fir de Yemen zu Genf ugekënnegt.
De Pierre Moscovici huet der Lëtzebuerger Chamber an der Regierung Merci gesot fir hir "gutt Cooperatioun" am Beräich vum Kampf géint de Steierbedruch an der Steiervermeidung.
An der Chambre de Commerce gëtt dëst Joer awer net gewielt, well et genee souvill Kandidate wéi Poste gëtt. D'Annulatioun vun de Wahlen ass awer ëmstridden.
De Benny Berg ass dout: de fréieren LSAP-Politiker ass schonn d'lescht Woch am Alter vu 87 Joer verscheet.
Mady Delvaux net vun Text fir ëmstridden EU-Copyright-Reform iwwerzeegt.
De Lëtzebuerger Tom Habscheid huet zu Dubai bei der Serie vum Grousse Präis fir Para-Athleten am Kugelstoussen dräi Goldmedaile gewonnen.