arrow_back_ios
Kultur
Entre chiens et loups: de Lionel Sabatté um Wandhaff
De Lionel Sabatté ass 1975 zu Toulouse gebuer, huet tëschent sengem 10. a sengem 20. Liewensjoer op der Île de la Réunion gelieft a war dunn an engem éischte Beruffsalldag Sportscoach. D'Ausdauer, d'Loscht eppes ze leeschten, huet hie mat a seng zweet Carrière geholl: de Sabatté huet op der Paräisser Ecole nationale des Beaux-Arts nach emol alles ginn, 2003 ofgeschloss an 2011 eng Aart Duerchbroch als Kënschtler erlieft. D'Kerstin Thalau huet de Kënschtler an der Galerie Ceysson et Bénétière gesinn.