Nom islännesche Modell "Barnahus" soll en nationalen Zentrum géint d'Mësshandlung vu Kanner entstoen. D'Auditiounen, déi medezinesch a psychologesch Betreiung, sollen op enger Plaz zentraliséiert ginn. Riichter, de Parquet, d'Police, Sozialaarbechter, Medeziner wéi Psychiater a Geriichtsmedeziner schaffen do Hand an Hand. Et geet drëm, ee Mannerjäregen ënner optimalen a Kanner gerechte Konditiounen ze empfänken. Iwwerdeems ass eng psychologesch Prise en Charge vum Kand virgesinn. D'Zil ass et, datt d'Kanner net e puermol mussen erzielen, wat hinne geschitt ass oder wat si materlieft hunn. D'Carole Schimmer mat Detailer.
arrow_back_ios
Aktuelles
Barnahus, een nationalen Zentrum géint Kannermësshandlung
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
