Kultur
Oscaren 2019
De Rassismusdrama "Green Book" huet den Oscar vum beschte Film gewonnen. De Rassismusdrama ronderëm den afro-amerikanesche Pianist a säi wäisse Chauffer op Tournée duerch d'amerikanesch Südstaate konnt sech géint déi grouss Favoritte "Roma" a "The Favourite" mat all kéiers zéng Nominatiounen duerchsetzen. "The Favourite" ass mat engem Oscar fir d'Olivia Coleman als bescht Haaptactrice bei zéng Nominatioune wuel de Verléierer vun den Osacren 2019. Beschten Haaptacteur gouf de Rami Malek fir seng Interpretatioun vum Freddie Mercoury a "Bohemian Rhapsody"