arrow_back_ios
Aktuelles
D'Uni positionéiert sech am New Space
An engem neie Studiegang op der Uni Lëtzebuerg, dem interdisziplinäre Space-Master sollen d'Studenten nieft dem technesche Volet och déi néideg ekonomesch Kompetenzen am Business a Management-Beräich sammelen. Duerch déi nei Spezialiséierung soll sech de Standuert Lëtzebuerg nom Wonsch vun den zoustännege Ministere Schneider a Meisch am sougenannten New-Space-Beräich europawäit un der Spëtzt positionéieren. Ee Bäitrag vum Maurice Antony.