arrow_back_ios
Aktuelles
Europapolitesche Réckbléck
Et gëtt Sträit an der Europäescher Vollekspartei. Zur EVP gehéiert och déi ungaresch Fidesz-Partei ëm den ungaresche Premier Viktor Orban, souzesoen dat schwaarzt Schof an der Famill. Spannunge gouf et scho méi laang, mee well de Grupp net méi kléng wollt ginn, ass et ni zu dozou komm, datt d'Fidesz ausgeschloss gouf. D'Situatioun ass awer de Moment méi ugespaant ginn an doriwwer huet eis EU-Korrespondentin Danièle Weber mam Pit Walté geschwat.