arrow_back_ios
Kultur
Happy B-Day Futurismus?
Den 20. Februar 1909, also virun 110 Joer, gouf d'Manifest vun enger neier Konschtbeweegung publizéiert: de Futurismus. Den Initiator war den italienesche Jurist an Auteur Filippo Tommaso Marinetti. Säi But: déi italienesch Kënschtler vun der Joerhonnerte aler Dominanz vun der réimescher Antiquitéit an der Renaissance ze befreien. D'Kerstin Thalau iwwer dem Marinetti säin Usaz an d'Repercussiounen.