D'Psychiatrien hei am Land si voll, d'Patienten hunn net déi néideg Lobby an et ginn eng Rei Verbesserungsméiglechkeete fir eng adaptéiert Versuergung ze garantéieren: dat seet de President vun der Société Luxembourgeoise de Psychiatrie, Pédopsychiatrie et Psychothérapie. Den Dokter Paul Hedo reagéiert domat op Kritiken a Riicht eraus de virleschte Sonndeg um radio 100,7.
D'Ausso vum fréiere CHNP-Generaldirekter Marc Graas an dëser Emissioun, datt duerch den aktuelle System grouss Zomme géife verplempert ginn, wier awer vläicht e wéineg iwwerspëtzt, fënnt de Psychiater Paul Hedo. De Serge Kesseler mat Detailer.