arrow_back_ios
Kultur
Jutta Koether mat Tour de Madame am Mudam
D'Retrospektiv mat de Wierker vun der däitscher Molerin Jutta Koether ass an Zesummenaarbecht mam prestigiéise Museum Brandhorst zu München entstanen. D'Ausstellung ass elo am Mudam ze gesinn a weist iwwer 60 Toilen, déi d'Kënschtlerin an de leschte véier Joerzéngte realiséiert huet. Verschiddener dovun hunn d'Dagesluucht sougutt wéi nach ni gesinn. De Claude Faber war sech d'Ausstellung ukucken.