arrow_back_ios
Aktuelles
Den Drock bleift
Ronn 46.000 Passagë goufen et zejoert an den Urgencë vun der CHL-Kannerklinik. Eng Hausse vu sechs Prozent géintiwwer 2017. D'Resultat sinn deels immens laang Waardezäiten. Den CHL versicht dem Problem ënner anerem mam Recrutement vun zousätzlechem Personal ze begéinen. An der Tendenz géifen d'Waardezäiten den Ament effektiv erofgoen, seet de Generaldirekter Romain Nati. Den Drock bleift trotzdem héich. Detailer vum Pia Oppel.